NËSSMOORT ASBL

De Nëssmoort

Zanter laange Joren ass de Veiner Nëssmoort en fest Grisst am Manifestatiunskaleener vua Veinen an der ganzer Emgeegend, a lokelt all Jor, den 2. Sondig am Oktober, bis zu 20.000 Leit vua wéit a bräd op Veinen.

Hei begeenen sich net nëmme Liebhaber vuan der Noss, mee et ass och e feste Rendez-Vous fir vill Stammclienten, junk Leit, Touristen an aner Vurwatziger.

Veinen ass well ganz laang di hämlich Haaptstad vuan de Nëss – 1902 kume vuan hei ~20% vuan alle Nëss ous dem Land, an de Nëssmoort, deen 1935 béim 1. Versuch gedoocht war fir di oussergewienlich vill Nëss ënnert d’Leit ze kreien, guf am Laf vuan de Joren zu em richtig grusse Volleksfest. Während dem Kréich an tëschent 1952 a 1969 war Paus, mee zanter 1970 ass de Moort regelméissig all Jor, a su feiere mer dëst Jor lo well matt vill Stolz dee 50te Nëssmoort unni Ënnerbreechung.

D’Veiner Nëssmoort asbl, en Entente vuan 13 lokale Veréiner an 2 Geschäftsleit, matt der Ënnerstëtzung vuam Ministère de l’Economie an der Veiner Gemän, frät sich, fir Eech d’Editiunn 2021 ze présentieren: sämtlich lokal Veréiner a Geschäftsleit proposieren Eech all miglich fest a flëssig Spezialitéiten rondrëm d’Noss, an de Gaassen an op verschiedene Plazen suergen DJen, Orchesteren a Musiken fir Stëmmung, d’Navetten sti prett, a fir Kanneranimatiunn ass och gesuergt.

Dat Alles zesomen mischt dee ganz spezielle Charme vuam Veiner Nëssmoort ous !

Also, notiert Eech den Datum, mir fräeën is op Äre Besuch!

COMITÉ NËSSMOORT ASBL

Organisateur vuam Nëssmoort

Mossong Marc Président
F.C. Orania

Werthessen Jean Vice-Président
Ourdall Nessknacker Vianden

Duebbers André Trésorier
Veiner Pompjer

Sauer Marianne Secrétaire
Veiner Musik

Eydt Carlo Membre
Photoclub

Hartmann Guy Membre
Beieveréin

Nagel Jules* Membre
Veiner Jungsodalen

Mendes José* Membre

Micucci Tun Suppléant
Spoorveréin Dourolux

Micucci Giovanni Membre
Fëscherclub Spatzminn

Pleim Joé Membre
Indépendant

Reuter Pascale Membre
Restaurant Veiner Stuff

Roettgers Jean-Paul Membre
Spoorveréin SAS

Scheidweiler Jeannot Membre
Veiner Gesank

Mosar Jil* Membre
Veiner Jungsodalen

Plein Men* Membre
Biker Club

Thank you for your support

SPONSOR

Eis Sponsoren >